Day notes
Rendez-Vous um Flughafen zu Lëtzebuerg. Check-In an Vol op Istanbul Airport.
Nuetsvol vum Istanbul Airport op den New Ulaanbaatar International Airport.
Scheduled Flight from Luxembourg Findel Airport [LUX] to Istanbul Airport [IST]
Turkish Airlines [TK]
Scheduled Flight
1354
Luxembourg Findel Airport [LUX]
10:20
Istanbul Airport [IST]
14:35
Scheduled Flight from Istanbul Airport [IST] to New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Turkish Airlines [TK]
Scheduled Flight
236
Istanbul Airport [IST]
18:10
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
07:10
Day notes
Arrivée um Moien um New Ulaanbaatar International Airport.
Dir gitt vun Ärem lokalen Guide a vum Chauffeur empfaangen an an Ären Hotel an den Gorkhi Terelj National Park transféréiert (1.5 - 2h Route).
Dës Bierger-Bësch-Stepp Regioun, welch zu der südlecher Khentii Biergerkett gehéiert, ass d'Habitat vun enger héicher Variétéit un Villecher a Planzen. Des Weideren fënnt een an dëser geschützter Géigend Moschusdéier, Elchen, Brongbären, Wëllef, Fiiss an Dachsen.
Lunch am Hotel an Freizäit.
Den Nomëtten ginn mir haut den Turtle Rock kucken, eng natiirlech Felsformatioun welch un eng Schildkröt erënnert.
Duerno geet et mat engem kléngen Hike bei d'Aryabal Monastère weider. Den Hike féiert zu enger steiler Strooss welch eis bei eng hëlzen Bréck bréngt déi "D'Bréck vun der Weisheit" genannt gëtt. No der Iwwerquerung vun der Bréck, ginn mir 108 Treppléck erop fir beim Tempel unzekommen. Genéisst vun do uewen eng eemoleg Aussiicht op de gréngen Dall.
Retour zeréck an den Hotel.
Exploréiert den Park ze Fouss oder op engem Päerd.
Genéisst e Welcome Dinner an engem lokalen Jurt Camp.
L, D
Transfer from New Ulaanbaator International Airport [UBN] to Terelj Hotel
Transfer
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Terelj Hotel
Check-in to Terelj Hotel
Day notes
No engem fréien Frühstück, beginn mir eis an den Osten vum Gorkhi Terelj National Park. Obwuel en nëmmen zwou an hallef Stonnen vun der Haaptstaadt ewech ass, fënnt een am rezent établéierten Gun Galuut Nature Reserve en wonnerschéint Flossdall souwéi eng spektakulär Biergerkuliss ëmginn vu Stepp. Mir hoffen an dësem eemolegen Gebitt déi vum Ausstiewen bedroht Argali Schof souwéi den Weißnackenkranich ze entdecken.
Am Gun Galuut Dall ukomm, ënnerhuelen mir en Hike fir d'Argali an Marco Polo Schof ze observéieren. Dir wäert och d'Chance kréien en lokalen Päerdwrangler kennenzeléieren mat deem Dir bei eng Nomadenfamill reid. D'Mongolei ass eng vun den leschten Päerd-baséiert Nomadkulturen op der Welt. Duerno geet et weider bei den Jurt Camp wou et eng Erfrëschung gëtt. Um Owend geet et zëréck an den Gorkhi Terelj National Park.
Genéisst eng Schaman Zeremonie. Iwwer Joerhonnerten praktizéiert ass Schamanismus déi original Religioun vun den Mongolen, virum Buddhismus. Den Haaptglaawen vum Schamanismus ass d'Geeschter an d'Séilen vun den Vierfahren erop ze beschwören fir méi iwwert de Passé, de Présent an d'Zukunft gewuer ze ginn.
Owesiessen am Hotel.
B, L, D
Day notes
Nom Frühstück ass et Zäit dem Gorkhi Terelj National Park Äddi ze soen.
Mir fueren op Ulaanbaatar (1.5h). Ënnerwee haalen mir bei enger rieseger Chinggis Khan Statue an Tsonjin Boldog, an der sech en klénge Musée befënnt. An der Statue féiert e Lift Iech bis ganz uewen op d'Statue, vu wou Dir eng wonnerschéin Vue op d'mongolesch Stepp hutt.
Arrivée an Ulaanbaatar an Check-in am Hotel.
Duerno steet eng Visite vum Choijin Lama Tempel um Programm, welchen tëschent modernen Wolkenkraatzer localiséiert ass. Den Choijin Lama Tempel beherbergt verschidden Buddhistesch Artefakter aus dem 19. an 20. Joerhonnert.
Um Owend geet et op den Sukhbaatar Square, deen sein Numm dem Leader vun der mongolescher Arméi, welchen fir d'Onofhängegkeet vum Land gekämpft huet, ze verdanken huet.
Duerno gëtt et en Owesiessen an engem feinen lokalen Restaurant.
B, L, D
Check-out from Terelj Hotel
Transfer from Terelj Hotel to Shangri-La Ulaanbaatar
Transfer
Terelj Hotel
Shangri-La Ulaanbaatar
Check-in to Shangri-La Ulaanbaatar
Day notes
Haut den Moien gitt Dir fréih op den Flughafen vun Ulaanbaatar gefouert wou Dir de Vol an d'Gobi Regioun huelt.
Dës Wüst ass eng faszinéierend an divers Regioun welch e puer vun den wichtegsten archäologeschen Entdeckungen aus dem 20. Joerhonnert beherbergt. An den neechsten Deeg wäert Dir déi beandrockend Landschaft besser kennenléieren, welch fir vill verschidden Déieren, wéi dem Kaméil, dem Argali Schof, der Gazelle, dem Gëllenen Adler etc. en Habitat ass.
Bei Ärer Arrivée um Flughafen fuert Dir an den Three Camel Lodge Jurt Camp, wou Dir Iech de Virmëtteg op eegen Initiativ d'Géigend ukucken kënnt oder einfach d'Lodge découvréieren kënnt.
Den Mëtteg fueren mir bei Moltsog Els, eng vun den wéinegen Regiounen an der Gobi Provinz welch mat Sanddünen couvréiert ass. Exploréiert d'Sanddünen ze Fouss oder op engem Kaméil. Dir hutt och d'Méiglechkeet eng lokal Kaméil-Herden-Famill ze besichen an méi iwwert hiren Dagesoflaf ze léieren.
Optional kënnt Dir Iech denowend den Havtsgait Valley ukucken, e Site wou een vill verschidden Felsmolereien fannen kann, welch virun iwwer 5.000-7.000 Joer vun Gobi Siedler gemeet goufen. Dëst ass en steilen Hike deen iwwer Kiessteng féiert.
Owesiessen an Iwwernuechtung an der Lodge.
B, L, D
Check-out from Shangri-La Ulaanbaatar
Transfer from Shangri-La Ulaanbaatar to New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Transfer
Shangri-La Ulaanbaatar
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Scheduled Flight from New Ulaanbaator International Airport [UBN] to Dalanzadgad Airport [DLZ]
Aero Mongolia [M0]
Scheduled Flight
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
06:00
Dalanzadgad Airport [DLZ]
07:00
Transfer from Dalanzadgad Airport [DLZ] to Three Camel Lodge
Transfer
Dalanzadgad Airport [DLZ]
Three Camel Lodge
Check-in to Three Camel Lodge
Day notes
Haut wäert Dir eng eenzegaarteg Experienz erliewen. Dir verbrengt den Dag um lokalen Naadam Festival vun der Gobi Regioun. Hei wäert Dir Iech déi drei verschidden Sportskompetitiounen Wrestling, Bouschéissen an Päerdreiden ukucken kënnen. Dës drei traditionell Sportarten moossen de Courage, d'Kraaft an de Stolz vun den Nomaden a Kämpfer bei denen lokal Fraen, Männer a Kanner matmaachen kënnen.
Owesiessen an Iwwernuechtung an der Lodge.
B, L, D
Day notes
Haut den Moien nom Frühstück fueren mir an den Yol Valley Nationalpark (1,5h), welchen bei den Altai Bierger läit. En Hike duerch d'Dall brengt Iech an d'Habitat vun den Lammergeieren, dem Altai Kinnekshung, dem Alpensteebock, dem Yak an dem Argali Schoof. No der Entdeckung vum Dall gitt Dir Iech e lokale nationale Geschichtsmusée iwwer d'Fauna an d'Flora vun der Géigend ukucken.
Retour bei d'Lodge.
Um spéiden Nomëtteg reesen mir bei déi legendär "Flaming Cliffs" (1h), welch sou genannt ginn wéinst dem orange-rouden Sandsteen deen während dem Sonnenop -an ënnergaang fonkelnd liicht.
B, L, D
Day notes
Nom Frühstück, fueren mir bei den Tugregiin Shiree, de Site wou déi bekannten "Fighting Dinosaurs" Fossilien vum Protoceratops and Velociraptor an Kampfpositioun an den 1970er Joeren découvréiert goufen. Exploréiert d'Sanddünen vun dëser Géigend.
Retour bei d'Lodge fir d'Mëttegiessen. Genéisst Ären freien Nomëtteg oder huelt Deel un spannenden Aktivitéiten an der Lodge.
Check-Out um Owend vun der Lodge an Transfert op Dalanzadgad. Genéisst Ärt Owesiessen an engem lokalen Restaurant befir Dir op den Flughafen transféréiert gitt.
Arrivée um 21:30 zu Ulaanbaatar um Flughaafen an Transfert bei den Hotel.
B, L, D
Check-out from Three Camel Lodge
Transfer from Three Camel Lodge to Dalanzadgad Airport [DLZ]
Transfer
Three Camel Lodge
Dalanzadgad Airport [DLZ]
Scheduled Flight from Dalanzadgad Airport [DLZ] to New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Miat - Mongolian Airlines [OM]
Scheduled Flight
091
Dalanzadgad Airport [DLZ]
20:35
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
21:30
Transfer from New Ulaanbaator International Airport [UBN] to Shangri-La Ulaanbaatar
Transfer
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Shangri-La Ulaanbaatar
Check-in to Shangri-La Ulaanbaatar
Day notes
Haut um Moien fuert Dir an den Bogd Khan Mountain Reserve (2h), engem spektakulären Site mat Pinien-Däll an dramateschen Fielsen an enger grousser Villfalt un Déieren. Seit dem 13. Joerhonnert ass Bogd Khan Mountain en geschützt Reservat, wou een och den Mandshir Monastère, welchen 1749 gebaut gouf, fannen kann. 1930 hun d'Kommunisten de Monastère zerstéiert, mais den Haapttempel gouf ërëm opgebaut. Besiichtegt den lokalen Musée fir eng Iwwersiicht iwwert déi regional Geschicht ze kréien. Dir wäert Iech och den reconstruéierten Tempel ukucken.
Retour op Ulaanbaatar wou Dir Ärt Owesiessen an engem feinen lokalen Restaurant genéisst.
B, L, D
Day notes
Dësen Dag gëtt mat enger Besiichtegung vum Gandan Monastère, dem Sëtz vum Buddhismus an der Mongolei ugefaangen. Obwuel déi meescht Buddhistesch Monastèren entweder zerstéiert oder a Muséeën konvertéiert goufen während den Stalinisteschen Säuberungen an de 1930er, konnt d'Gandan Monastère als Schaustéck fir Staatsbeamten erhaalen ginn. Obwuel d'Regierung de Buddhismus an aner réligéis Glaawen probéiert hunn ofzeschaafen, huet d'Mongolesch Spiritualitéit standgehaalen an de Buddhismus ass an den 1990er wou d'Mongolei eng Demokratie ginn ass erem opgedaucht. Monastèren am ganze Land konnten soumadder ërem hier Dieren opmaachen an déi Lamas wou d'Säuberungen iwwerlieft hunn, hunn ugefaangen déi nei Generatiounen ze trainéieren.
Besiichtegt och déi rézent renovéiert Tempelen Chenrezi an Kalachakra.
Duerno fuert Dir an den Downtown vun Ulaanbaatar an besicht den National History Museum fir eng exzellent Iwwersiicht iwwert déi Mongolesch Geschicht a Kultur ze kréien.
Nom Mëttegiessen, Visite vum Zanabazar Fine Arts Museum. Dëse Musée besteet aus Buddhisteschen Konschtwierker an Artefakter aus der ganzer Welt an gouf nom Zanabazar, engem Kënschtler an Politiker aus dem 17. Joerhonnert benannt.
Genéisst un Ärem leschten Owend eng Performance vun traditionellen mongoleschen Dänzer an den Khoomi Sänger bei engem Owesiessen an engem feinen lokalen Restaurant.
B, L, D
Day notes
Haut heescht et: Äddi Mongolei!
Transfer op den Flughafen fir Ären Vol op Lëtzebuerg via Istanbul.
Check-out from Shangri-La Ulaanbaatar
Transfer from Shangri-La Ulaanbaatar to New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Transfer
Shangri-La Ulaanbaatar
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
Scheduled Flight from New Ulaanbaator International Airport [UBN] to Istanbul Airport [IST]
Turkish Airlines [TK]
Scheduled Flight
237
New Ulaanbaator International Airport [UBN]
08:55
Istanbul Airport [IST]
13:20
Scheduled Flight from Istanbul Airport [IST] to Luxembourg Findel Airport [LUX]
Turkish Airlines [TK]
Scheduled Flight
1355
Istanbul Airport [IST]
16:10
Luxembourg Findel Airport [LUX]
18:30